
Géint 21.17 Auer war deemno en Auto op der A13 tëscht Schëffleng a Keel accidentéiert. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Esch a vu Schëffleng versuergt.
Eng Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf et iwwerdeem an der Nuecht géint 1.39 Auer op der A6 tëscht dem Wandhaff a Stengefort. Och hei gouf et ee Blesséierten. Um Asaz waren de Samu vun Esch, d’Ambulancieren aus der Stad a vu Mamer grad ewéi d’Pompjeeë vu Stengefort a Koler.
Méi fréi um Owend géint 17.19 Auer hat et an der Avenue de la Liberté an der Stad no Damp geroch. D’Rettungsekippen aus der Stad waren um Asaz.
Zu Wäicherdang op der Bouch gouf et dann nach géint Mëtternuecht e Feier an engem Kamäin. D’Pompjeeë vu Clierf a vum Zenter Kiischpelt waren op der Plaz zesumme mat den Ambulanciere vu Clierf. Blesséiert gouf keen.