SAMU war am AsazZwee Accidenter wéinst Kollisiounen tëscht Auto a Moto - zwou Persoune verwonnt

Andy Brücker
Zu Zolwer an tëscht Dikrech a Steeën hat et um Freideg de Moie gerabbelt.
© Envato

Géint 8.30 Auer huet den Escher SAMU mussen an den Asaz, well zu Zolwer an der Scheierhaffstrooss en Auto an e Motorrad anenee gerannt waren. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Rettungsdéngschter vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

Kuerz no 10.20 Auer war et eng weider Kollisioun tëscht engem Auto an engem Motorrad, déi Kéier op der Streck tëscht Dikrech a Steeën. Nieft dem Stater SAMU waren nach d’Pompjeeën an d’Ambulanz Nordstad an den Asaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO