En Dënschdeg war tëscht 16 a 17.45 Auer eng gréisser Police- an Douaneskontroll op der N31 kuerz virum Rond-point vum PED zu Péiteng. Bei dëser Kontroll sinn ënner anerem 56 Automobilisten opgefall, déi hiren Handy wärend dem Fuere genotzt hunn. Si krute 4 Punkten ofgeholl an hu missten 250 Euro bezuelen. 10 Chauffere konnte keng gülteg Pabeiere vum Contrôle technique vun hirem Won virweisen. Dat huet zwee Punkten an 145 Euro kascht. Bei siwe Ween war dann d’Steiervignette scho méi laang wéi 60 Deeg ofgelaf. Heivir ware 74 Euro fälleg.
Well et bei zwee Autoe Problemer mat de Placken, déi net méi genee erkläert goufen, gouf, huet d’Police hei 145 Euro an zwee Punkten agezunn. 145 Euro ware du bei engem Chauffer fälleg, well d’Kand am Auto net richteg ugestréckt war an ee Chauffer huet 74 Euro bezuelt, well hie Kopfhörer wärend dem Fueren unhat.