CGDISZu Eppelduerf hat et e gréissert Feier an engem Haus ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeën aus 8 Zentere goufen an den Asaz geruff. Wéi de CGDIS mellt, gouf kee blesséiert.

D'Pompjeeë vun Iermsdref, Miedernach, Beefort, Bettenduerf, Colmer-Bierg, Dikrech, Konsdref a Jonglënster waren op der Plaz, grad ewéi och d'Ambulanz aus der Fiels.

Da gouf et nach 2 Kichebränn: géint 19.40 zu Bieles a géint 23.40 zu Esch. Och do blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO