Prozess ëm presuméiert PolicegewaltDe Parquet freet Prisongsstrofe fir déi véier ugeklote Beamten

Diana Hoffmann
D'Fuerderunge vum Parquet gi vun dräi bis sechs Joer Prisong.

Am Fall vu presuméierter Policegewalt am Mee 2023 um Kommissariat op der Stater Gare freet de Parquet Prisongsstrofe fir alle véier ugeklote Polizisten.

De Polizist, deen de Mann an der Siichtzell mat der Fauscht soll an d'Gesiicht geschloen hunn, soll sechs Joer an de Prisong.

De Polizist, deen deen Ament nieft him stoung, fënnef Joer an e weidere Beamten, deen am Zëmmer war, dräi Joer.

Fir den déngschteelste Polizist, deen dono e jonke Beamten ugestallt hat, de Bericht vun de Faiten ze fälschen, huet d’Procureure fënnef Joer Prisong gefrot.

Back to Top
CIM LOGO