D’Unzuel u Reklamatioune beim Ombudsman huet sech an de leschten 10 Joer verduebelt. Zejoert waren et der 1.541, déi meescht betreffen den Inneministère, de Ministère fir Gesondheet a Sécherheet, den Aarbechts- an de Finanzministère. Dat geet aus dem Rapport 2025 ervir, deen den Ombudsman Claudine Konsbruck e Mëttwoch de Moien an der Chamber presentéiert huet.
Eng Partie Problemer géifen ëmmer erëm optauchen, dorënner d'Situatioun vun de Flüchtlingen hei am Land, de Manktem u Better an d'Konditiounen, ënnert deenen d'Leit an de Strukture vum ONA liewen an déi ze laang Delaie beim Traitement vun Dossieren.
En anere Problem, deen awer och keen neien ass, an den Ombudsman am Rapport ernimmt, ass dee vun der Noutwennegkeet fir d'administrativ Prozeduren ze vereinfachen. Bemängelt gëtt am Rapport och, datt de sougenannten “droit à réparation” vun de mannsten Administratiounen applizéiert gëtt, also d'Recht op Entschiedegung bei Feeler vun enger Verwaltung.
D'Claudine Konsbruck plädéiert dofir fir e “Recht op Feeler” fir Bierger, wéi et et an aneren europäesche Länner scho gëtt. D'Relatioun tëscht Bierger an Administratioune kann an den Ae vum Ombudsman nëmme verbessert ginn, wann d'Rechter respektéiert ginn, ee méi Transparenz huet an individuell Situatioune méi konkret berécksiichtegt ginn.
Liest hei de ganze Rapport: