
Vun enger Vollzäit-Aarbecht misst een hei am Land kënne liewen. De Mindestloun misst dowéinst substantiell erhéicht ginn: fir d'éischt ëm 100 Euro an duerno nach emol ëm 100 Euro, also an zwou Etappen. Wéi déi zweet Hausse soll vun de Betriber gestemmt ginn, misst ee kucken, sot den LSAP-Parteipresident an Deputéierte Georges Engel. Do hätt ee verschidden Iddien. Et géif een och keng 300 Euro fuerdere wéi d'Gewerkschaften, mä eben 200 Euro.
Parallel dozou sollt de Mindestloun och all Joer un déi allgemeng Lounentwécklung ugepasst ginn, net just all zwee Joer. Bei de Pensioune géif den Ajustement och all Joer gemaach ginn.

D'Aarbecht dierft een awer net just wirtschaftlech kucken. Si géif och Zesummenhalt an der Gesellschaft schafen a steet fir Liewensqualitéit a Gesondheet. D'LSAP ass dofir weider fir eng 6. Congéswoch am Privatsecteur, an der Fonction publique gëtt et déi jo schonn. D'Ënnerscheeder tëscht dem privaten an ëffentleche Secteur dierften net nach weider ausernee goen. D'Sozialisten halen och un hirer Fuerderung vun enger Aarbechtszäitreduzéierung fest an un der 38-Stonnewoch.
D'Aarbecht hätt eng Zukunft, mä nëmme wa se gereegelt ass, ënnersträicht d'LSAP. Et bräicht ee kloer Grenzen, fir datt d'Digitaliséierung een net iwwerrennt. En neit an innovatiivt Denke wär néideg. Computeren a Roboter bezuele keng Steieren a keng Pensiounen. Dofir bräicht een eng nei Steierpolitik: mat enger Robotertax, méi enger héijer Besteierung vum Kapital a vun de Benefisser.

Den LSAP-President Georges Engel ass en Dënschdeg den Owend och Invité am Journal op der Tëlee.