DenkmalschutzD'Plënner-Aktioun vun der Wandmille beim CHL ass amgaangen

RTL Lëtzebuerg
Déi historesch Wandmille beim CHL gëtt zanter dëser Woch ofgebaut, fir Plaz fir eng nei Urgence ze schafen – wäit plënnere wäert se awer net.
Zanter iwwer 20 Joer steet d'Wandmillen ënner Denkmalschutz.
© Monique Kater

D'Wandmillen, déi zanter Joren zum Bild vum Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) gehéiert, kritt en neit Doheem. Well d'Spidol eng nei a méi grouss Urgence soll kréien, muss d'Mille réckelen.

Nei opgebaut gi soll se just e puer Meter weider.

Zanter iwwer 20 Joer steet d'Wandmillen ënner Denkmalschutz a gëllt als wichtegen Zeie vun der industrieller Geschicht vu Lëtzebuerg. D'Millen ass eng vun zwou an dësem Stil am Land.

Back to Top
CIM LOGO