Eng Wandmillen, déi zanter Joren zum Bild vum Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) gehéiert, verschwënnt geschwënn. Mä net fir ëmmer: Se gëtt ofgebaut, gelagert – an e puer Meter méi wäit nees opgebaut. Grond dofir ass de Bau vun enger neier méi grousser Urgence direkt um Site vum Spidol.
Do, wou d'Millen haut nach steet, soll an Zukunft déi nei Noutopnam entstoen. Eng modern Infrastruktur, déi virun allem op méi grouss Patientestréim a Krisesituatioune virbereet ass. "Mir kréien eng Afaart fir véier Ambulanzen an net nëmmen dräi – an et gëtt alles vill méi praktesch a besser organiséiert", erkläert d'Directrice vum CHL, d’Dr Martine Georgen. Nieft méi Plaz soll déi nei Urgence och besser op aussergewéinlech Situatioune reagéiere kënnen – wéi Pandemien oder grouss Katastrophen.
Zanter iwwer 20 Joer steet d'Wandmill ënner Denkmalschutz a gëllt als wichtegen Zeie vun der industrieller Geschicht vum Land. D'Millen ass eng vun zwou an dësem Stil am Land. D'Decisioun, se ofzebauen, war dofir net evident. "Op där enger Säit hu mer d'Wichtegkeet vum Spidol, op där anerer Säit de Patrimoine. Mir hunn elo eng Léisung fonnt, wou mer béides kënnen zesummebréngen", seet de Kulturminister Eric Thill.
De Kompromëss gesäit vir, datt net déi ganz Mill erhale bleift – mä hire geschützten Tuerm. Dofir gouf d'Gebai am Virfeld genee dokumentéiert. Ronn 5.000 Fotoe goufen opgeholl. D'Mille gouf Stonne laang gescannt. Iwwer dräi Méint gëtt an Etappen vun allkéiers zwee Meter Steen fir Steen ofgebaut. Duerch d'Ofnotzung kënne geschate 60% vun de Steng nach emol fir den Neesopbau benotzt ginn.
D'Iddi, d'Millen ofzebauen an nees opzebauen, ass net nei. "Ech hunn en Dokument vu 1958 fonnt, wou schonn deemools recommandéiert gouf, d'Millen ofzebauen an nei opzebauen, well d'Sous-Bassement schonn deemools beschiedegt war", erkläert d’Dr Martine Georgen.
Schonn deemools wier dat als déi bescht Léisung ugesi ginn – och wann et fir déi Zäit e ganz héije Käschtepunkt war. Deemools louch de Präis scho bei enger Millioun Lëtzebuerger Frangen.
Den Ofbau soll an den nächste Wochen ufänken. Fir de Public wäert d'Millen bis op d'mannst 2029 verschwannen. D'Material gëtt vun der Stad Lëtzebuerg tëschegelagert. Duerno gëtt se um Eck vum Site vum Spidol – direkt bei der Haaptstrooss – nees opgebaut. Do soll se méi visibel an accessibel ginn.
Wéi vill den Of- an Opbau genee kascht, bléift nach ze definéieren, heescht et vum CHL.