Furen, Dikrech an op der A7Et gouf eng Partie Kollisiounen op eise Stroossen, bei deene Leit verwonnt goufen

Andy Brücker
Wéi de CGDIS mellt, goufen en Dënschdeg de Moien dräi Persoune bei Accidenter blesséiert.
© Laurent Weber

Kuerz viru 7 Auer sinn zu Furen an der Dikricherstrooss zwee Autoen net laanschtenee komm.

Géint 9:15 Auer sinn op der A7 Richtung Stad, tëscht dem Tunnel Grouft an dem Tunnel Staftelter eng Partie Gefierer anenee gerannt. Am Trafic-Info vum ACL war ze liesen, dass 3 Camionnetten an ee Camion involvéiert waren.

Géint 9:40 Auer waren zu Dikrech an der rue de Stavelot e Camion an en Auto an en Accident verwéckelt.

Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO