Lëtzebuerger PatrimoineUewermaartel kandidéiert mat Schifergrouwe fir Unesco-Weltkulturierwen

Chris Meisch
D'Schiferlandschaft vun Uewermaartel wëll als Unesco-Weltkulturierwen unerkannt ginn – bis dohin ass et allerdéngs nach ee laange Wee.
D'Schifergrouwen zu Uewermaartel.
© Chris Meisch

Schifergrouwen zu Uwermaartel als Unesco-Weltkulturierwen / Rep. Chris Meisch

Am Musée de l’Ardoise gouf d'Kandidatur offiziell presentéiert, an och eng Konventioun ass ënnerschriwwe ginn, déi d'Zesummenaarbecht tëscht Staat, Gemeng a Musée festleet an eng finanziell Ënnerstëtzung vu ronn 10 Milliounen Euro virgesäit. D'Kandidatur soll déi international Visibilitéit stäerken an zur nohalteger Entwécklung vun der Regioun bäidroen.

Vu 1790 bis 1986 gouf Schifer aus dem Buedem zu Uewermaartel an de Grouwen ofgebaut an zu Leen verschafft. Haut ass de fréieren Industrie-Site e Musée an e kulturelle Patrimoine a kandidéiert offiziell, fir de Sigel vum Unesco Weltkulturierwen ze kréien. Bis ewell sinn zu Lëtzebuerg just d'Fotoausstellung "Family of Man" an d'Alstad mat der Festung als Unesco-Weltkulturierwen unerkannt.

De Site un der belscher Grenz gëllt als wichtegt Beispill vum industrielle Patrimoine, wou iwwer méi wéi zwee Joerhonnerte Schifer fir Daachleeë verschafft gouf. No der Fermeture vun der leschter Schifergrouf 1986 gouf de Site restauréiert an als Musée nei opgebaut. Haut ëmfaasst en eng Fläch vu ronn aacht Hektar mat 22 historesche Gebaier, Grouwen an engem ënnerierdesche Parcours bis an 42 Meter Déift.

De Marco Schank, President vum Schifermusée: "Am Hierscht 2024 hu mir déi éischt Demande gemaach, a wou mir an oppen Dieren agerannt sinn, dat ass bei der nationaler Unesco-Kommissioun. Déi hu gesot, dat do ass wierklech ee Site, deen dat verdéngt. Duerno ass een Aarbechtsgrupp gegrënnt ginn. Elo huele mir eng Etapp no där anerer, a mir ginn dovun aus, dass een dräi bis véier Joer braucht, bis een déi Kandidatur ka presentéieren, an dann ee bis annerhallef Joer brauch dat da fir d'Evaluatioun."

Mat Ënnerstëtzung vum Kulturministère, der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun an der Gemeng Rammerech soll d'Schifergebitt an enger nächster Etapp op déi national Lëscht kommen, mat der Perspektiv, spéider als Unesco-Weltkulturiewen opgeholl ze ginn.

Fir dass dat geléngt, muss een awer – wéi d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun – erkläert, genee Critèren erfëllen: "Fir dass ee Site seng Kandidatur ka stellen, fir op de Patrimoine mondiale ze kommen, muss en integer sinn, authentesch an d'une Valeure universelle exeptionelle. An da muss een ee vun zéng Krittären erfëllen, déi d‘Unesco festgesat huet. Déi sinn natierlech ënnerschiddlech, ob et een Natursite oder ee kulturelle Site ass. Dat ass zum Beispill en exzeptionellen Temoignage vu mënschlecher Aarbecht, dat kéint ech mir zum Beispill hei virstellen."

Fir déi Kandidatur ze lancéieren hunn de Staat, d'Gemeng Rammerech an de Musée eng Konventioun ënnerschriwwen, déi d'Zesummenaarbecht tëscht den dräi Partner reegelt, de Kader fir d'Weiderentwécklung vun der Kandidatur definéiert, an eng finanziell Ënnerstëtzung vu ronn 10 Milliounen Euro virgesäit.

De Kulturminister Eric Thill gesäit an der Demarche eng wichteg Investitioun an d'Zukunft:"Dat wier eng super Visibilitéit fir d‘Lëtzebuerger Land, fir d‘Regioun, wat natierlech dann touristesch e ganz flotten Atout nach eng Kéier wier, mee natierlech awer och fir d‘Kultur eisen industrielle Patrimoine an d‘Vitrinn ze stellen. Dorops schaffe mir elo an hoffen, dass mir an dräi bis fënnef Joer kënnen deen Dossier presentéieren."

De Projet ass aktuell nach an enger éischter Phas vun der Prozedur. Bis zu enger definitiver Opnam als Unesco-Weltkulturierwe kann et nach e puer Joer daueren.

Vu Mëtt Juni u kritt de Site eng weider Attraktioun dobäi: Den 12. Juni mécht déi renovéiert "Villa Rother" hir Diere fir de Public op. An där Villa huet de fréieren Direkter vun de Schifergrouwe vun 1900 bis 1985 mat senger Famill gelieft.

Back to Top
CIM LOGO