
D’Manuela Dondelinger, vun deene meeschte Leit “Manu“ genannt, ass e Sonndeg no engem schwéieren Accident bei der Biergcourse zu Eschduerf un hire Blessure verstuerwen. Si gouf 48 Joer al.
D’Mamm vu véier Kanner, déi mat hirer Famill an Däitschland gewunnt huet, huet fir de Motorsport gelieft a war an der Zeen bekannt.
An der Famill an am Frëndeskrees bleift si virun allem als eng besonnesch häerzlech Persoun an Erënnerung.
“Meng Schwëster war e Mënsch, dee fir jiddereen do war a sech heiansdo dobäi selwer vergiess huet“, erzielt hire Brudder.
Vill Leit géife sech och un hiert ustiechend Laachen erënneren. D’Manuela Dondelinger war en Escher Meedchen a bei hirer Groussmamm opgewuess.
An dëser schwéierer Zäit kritt d’Famill vill Zousproch. “Vill Leit hunn eis hiert Bäileed ausgeschwat, an dat gëtt eis Kraaft“, esou de Brudder.

Der Famill an de Frënn eis déifst Bäileed.