Offiziell wëllen zu dësem Ament weder den Organisateur vun der Course, nach de Manager vun ACLsport eppes soen.
Wat war geschitt?
E Sonnden de Moie géint 10 Auer war bei der éischter Manche en Auto vun der Streck ofkomm an hat 2 Streckeposten ze pake kritt, déi hannert der Leitplank op hirem Poste stoungen. D'Lëtzebuergerin, déi an Däitschland gelieft huet, war e puer Stonne méi spéit an der Klinik verstuerwen. Hire Mann, deen als weidere Streckeposten nieft hir stoung, war liicht blesséiert ginn. Och de Pilot vum Auto, e Belsch vum "911 Impact Racing Team" koum an d’Spidol. Hien huet sech un engem Wirbel verletzt.
Den Accident ass ongeféier an der Hallschent vun der Stréck, déi knapp 2 Kilometer laang ass, passéiert. Op dëser Plaz ass eng laanggezunne Kéier, no enger laanger Riichter, wou d'Gefierer Vitesse vun iwwer 200 Stonnekilometer drop kréien.
Wat sinn d'Sécherheetsmesuren?
Ronderëm d'Biergcourse gëtt et e ganzt Sécherheetskonzept, dat vum ACLsport ofgeholl gëtt. Op de geféierleche Plaze vum Circuit ass d'Pist vun duebele Leitplanke protegéiert. Also eng normal Leitplank, déi drënner vun enger weiderer Verstäerkung ofgeséchert ass. Wat dozou gefouert huet, dass de Porsch vun der Pist ofkomm ass, a mat héijer Vitesse frontal an d'Leitplank geknuppt ass, an dës duerchbrach huet, bleift zu dësem Ament Spekulatioun.
All d'Streckeposte si fir hir Aarbecht geschoult a vill si scho laang mat dobäi. Och d'Affer war e laangjäregt Member vum "Marshals Club Nürburgring", dee Streckeposte bei der Course zu Eschduerf gestallt huet.
Et war déi 34. Oplag vum Hillrace zu Eschduerf. Bis elo war et hei nach zu kengem Accident mat esou tragesche Suitte komm. Um Deel vun der Pist, wou den Accident passéiert ass, ware fir d'Course keng Zuschauer a keng Press zougelooss.
Wei funktionéiert de Rettungssystem am Fall vun Accidenter?
Bei der Eschduerfer Biergcourse war d'"Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg" mat hirem Won op der Plaz. Heibäi handelt et sech ëm Hëllefsekippen, wou och CGDIS-Membere mat dobäi sinn. Awer och de CGDIS war op der Plaz mat engem Dispositiv vu véier Leit, sou wéi zwou Ambulanze vu Lux-Ambulance an op d'mannst een Dokter, dee vum Organisateur engagéiert war. Nom Accident e Sonndeg wieren d'Hëllefsekippen a manner wéi enger Minutt op der Plaz gewiescht, sot de Spriecher vum CGDIS, de Cédric Gantzer op RTL-Nofro.
De CGDIS hätt no den éischten Informatioune vum Accident bei der Biergcourse zwee Samu-Doktere mam Helikopter an dräi zousätzlech Ambulanzen op d'Plaz geschéckt, sou wéi och 8 Persoune vum Groupe de support psychologique fir d'Leit psychologesch ze betreien.
Bäileedsmessagen am Internet
Op Facebook trauert d'Motorsportteam Lëtzebuerg ëm ee Member vun hirer Motorsportfamill a wëllen awer och de blesséierten Autospilot net vergiessen. Och de Chauffeur selwer huet op Facebook den Hannerbliwwene vum Affer säi Matgefill ausgedréckt. Hien hofft, dass d'Ursaach vum Accident vollstänneg kann opgekläert ginn. De Marshals Club Nürnburgring schreift op Facebook, dass esou schrecklech Evenementer ëmmer nees géinge virun Ae féieren, wéi geféierlech hiren Hobby wier, an dass et op kee Fall eng Selbstverständlechkeet wier, wat eenzel Sportwarte géinge leeschten.