Täter net gepëtztD'Police mellt Abréch an der Stad an zu Réimech - ënnert anerem gouf Wäi geklaut

Andy Brücker
D'Täter konnte sech a béide Fäll duerch d'Bascht maachen.
© RTL-Grafik

D'Police gräift aus de leschte Stonnen zwee Abréch eraus.

E Méindeg am Nomëtteg gouf an en Eefamilljenhaus an der rue Munster an der Stad agebrach. Éischten Informatiounen no sinn d'Täter duerch d'Kellerdier an d'Gebai komm. Ënnert anerem goufe Wäifläsche geklaut.

E weideren Abroch gouf dann nach vu Réimech gemellt, wou an en Appartementshaus an der Rue Dicks agebrach gouf. Wéi et ausgesäit, hunn d'Brigangen eng Fënster futti geschloen, fir an d'Gebai ze kommen. Eng Wunneng gouf duerchwullt. Ob eppes geklaut gouf, preziséiert d'Police net.

Back to Top
CIM LOGO