Invité vun der Redaktioun (6. Mee)Tom Haas, Dirketer vum Statec

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moien ass d'Tripartite Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E Mëttwoch ass den éischte Rendez-vous en vue vun der Tripartite. D’Regierung gesäit a separate Gespréicher Patronat a Gewerkschaften. Den 12. Mee ass dann den éischten Austausch zu drëtt, éier am Juni déi eigentlech Tripartite ufänkt.

Mat um Dësch, wann och net als Verhandlungspartner, setzt de Statec, dee ganz wichteg Zuele liwwert, wéi et kéint weidergoen.

Den Direkter vum Statec Tom Haas ass e Mëttwoch de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Wéini kënnt elo déi nächst Indextranche? Wat kënnt duerno? A wéi geet et weider mam Wuesstem?

Den Tom Haas ass um 8 Auer live am Interview.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO