Fënnef Persoune goufe blesséiertHeftegen Accident um CR137 tëscht Berbuerg a Manternach

RTL Lëtzebuerg
Zwee Autoe krute sech hei ze paken, den Opprall war hefteg.
© Domingos Oliveira

Géint 13.30 Auer koum et en Dënschdeg um CR137 tëscht Berbuerg a Manternach zu engem Accident tëscht zwee Autoen. Béid Gefierer krute sech esou hefteg ze paken, dass een Auto an e Rempli geschleidert gouf, deen aneren Auto koum ronn 60 Meter méi spéit un d'Halen.

Wéi et säitens den Ekippen op der Plaz geheescht huet, koume fënnef Persounen an d'Spidol an d'Streck war fir d'Opraum-Aarbechte gespaart.

Heftegen Accident um CR137 tëscht Berbuerg a Manternach
Zwee Autoe krute sech ze paken, den Opprall war hefteg.

Back to Top
CIM LOGO