SAMU am AsazDräi Autoen zu Fréiseng am Coup, véier Persoune blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Gläich e puer Accidenter an e Brand hunn d'Rettungsdéngschter vun en Dënschdeg op e Mëttwoch beschäftegt, dorënner eng Kollisioun, bei där véier Persoune blesséiert goufen an de SAMU am Asaz war.

Kuerz viru 17 Auer en Dënschdeg ass en Automobilist zu Éiter accidentéiert an agerannt, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D'Ekippe vum Findel a vu Mutfert waren op der Plaz.

Zwou Persoune goufe blesséiert, wéi dräi Autoen op der A3 anenee gerannt sinn, dat op der Héicht vu Léiweng um 17:23 Auer. D'Sekuriste vu Keel, Diddeleng a Beetebuerg waren am Asaz.

Um Belval gouf et um 18:17 Auer e Blesséierten, nodeems en Auto an e Moto kollidéiert sinn. Den Asazzenter Suessem-Déifferdeng huet sech ëm d'Affer gekëmmert.

Zu Fréiseng sinn um 20:39 Auer dräi Autoe kollidéiert, véier Persoune goufen dobäi blesséiert. Sekuristen aus sëllegen Asazzentere waren op der Plaz, genee wéi de SAMU.

An der Nuecht um kuerz virun 2 Auer ass en Automobilist an e Bam zu Réimech gerannt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Déi lokal Ekippe vum CGDIS waren op der Plaz.

Zu Zolwer ass et um 2:23 Auer zu engem Hausbrand komm, allerdéngs goufen et keng Blesséiert. D'Sekuristen aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng a vun Esch waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO