
Den CSV-Generalsekretär sot, hie géing feststellen, dass - wann e Sonndeg Wale wieren - e gutt Stéck manner Leit der CSV mëttlerweil Vertraue géife schenken an natierlech géing ee sech d'Fro stelle firwat, sou den Alex Donnersbach. Et wier ee gewielt ginn, well een zéng Prioritéite festgeluecht hätt, dorënner d'Kafkraaft ze stäerken, jonk Familljen z'ënnerstëtzen a fir méi Sécherheet ze suergen. An eng ganz Rei vun de Mesure wieren einfach nach net ëmgesat ginn. "Et muss een awer natierlech feststellen, datt dat net esou bei de Leit scheinbar ukënnt, wéi mer eis dat erhofft hunn an erwënschen."
Op d'Fro, ob de Score un der Regierungspolitik kéint leien, obwuel d'DP an der Sonndesfro ee Sëtz bäigeluecht hätt, sot den Alex Donnersbach, an enger Regierung hätt een ëmmer eng verschidde Ressort-Opdeelung. All Ressort hätt seng Erausfuerderungen. "Ech mengen dat ass net wierklech d'Fro hei." Et misst een einfach méi däitlech weisen, dass déi Politik, déi ee mécht, wou vill gutt Mesuren dobäi si fir d'Land weiderzebréngen, déi misste méi däitlech mat der CSV a mam Premier verbonne ginn.
Nach ni war de Score vun der CSV esou schlecht. Et ass een historeschen Déif mat just 15 Sëtz fir d'Regierungspartei, déi och de Premier stellt. Do misst eng CSV dach vum "Premier Bonus" profitéieren? Dorop äntwert de CSV-Deputéierten, dass een de Constat géing maachen, dass ee bei deene Saachen, wou ee geliwwert hätt, datt dat nach net richteg géing erauskommen. "An do musse mer elo an der Zukunft eis Handschrëft an där Regierungspolitik méi kloer no vir bréngen." Et hätt een elo nach schliisslech 2,5 Joer Zäit bis déi nächst Walen, fir dëse Score nees ze verbesseren, sou den Deputéierten.
Beim Luc Frieden gesäit den Deputéierten iwwregens keng Schold. Hie wier um leschte Kongress och mat 90 Prozent gewielt ginn. Heiansdo géing een natierlech och mol Feeler maachen, "an ech menge mir als CSV hu sécher net alles richteg gemaach, mee ech menge mir hunn eng ganz Rei Reformen, eng ganz Rei wichteg Mesuren ugestouss an dëser Regierungszäit".