
Wann e Sonndeg géing gewielt ginn, hätten d'CSV an d'DP keng Majoritéit méi an der Chamber, obwuel d'DP weider un Terrain géing gewannen. Dat geet aus der neier Sonndesfro ervir, déi d'Ilres fir RTL an d'Wort gemaach huet. 1.863 walberechtegt Persounen aus de véier Walbezierker goufe vum 13. bis de 24. Abrëll befrot an déi hunn den Trend vun der leschter Ëmfro am Oktober 2025 confirméiert. Ewéi et an der Vergaangenheet a Sondagë schonn de Fall war, och wann dëst éischter seelen optrëtt, wier dëser Sonndesfro no keng Koalitioun zu Zwee méiglech.
D'CSV an d'DP hätten allebéid jee 15 Sëtzer an d'LSAP 14. D'CSV géing de Resultater vum Sondage no vun aktuellen 21 Sëtz an der Chamber op 15 falen. A Prozenter ausgedréckt verléiert d'Partei vum Premier Luc Frieden 8 Prozentpunkten a géing vun 29,8 Prozent vun de Stëmmen am Oktober 2023 op 21,8 Prozent falen. D'DP géing ee Sëtz gewannen an d'LSAP der 3, respektiv 2, wann een den Iwwerleefer Ben Polidori erausrechent.
Déi dräi Parteie fanne sech an der Sonndesfro am Beräich vun den 21 Prozent vun de Stëmmen erëm.
Et ass politesch Fiktioun, mä fir eng Majoritéit ze forméieren, kéimen da just nach eng quasi Union nationale mat CSV, DP an LSAP a Fro oder zwou vun deenen dräi Parteie géingen déi Gréng mat an d'Boot huelen, déi par rapport zu de Walen nees zwee Sëtz guttmaachen an op 6 kéimen. D'ADR, déi am Sondage par rapport zu der leschter Sonndesfro ee Sëtz - respektiv géintiwwer de Walen 2023 zwee Sëtz - bäikritt an op fir hir Verhältnisser héijen Niveau vu 7 Sëtz kënnt, gëtt jo als Koalitiounspartner vun den traditionelle Parteien ausgeschloss.
Déi Lénk bleiwen, trotz prozentuale Gewënner, stabel mat 2 Sëtz, iwwerdeems d'Pirate just nach hire Sëtz am Süde kéinte behalen.
Bleift ze betounen, datt et a Sondagen zwar scho puer Mol de Fall gouf, datt keng Koalitioun zu zwee méiglech war, mee bei de reelle Wale war dat bis elo ni de Fall. D'CSV hat no Walen och nach ni manner ewéi 17 Sëtz. Dat war 1974. Eng Erklärung dofir ass, datt Ëmfroen ni de Panachage ganz kënnen erëmspigelen. Doriwwer eraus hu manner jonk Leit tëscht 18 a 34 Joer un der Sonndesfro participéiert ewéi néideg, fir en honnertprozenteg representatiivt Bild ofzeginn.
Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 13. bis 24. Abrëll 2026 gemaach ginn ass, goufen 1.863 walberechtegt Persounen iwwer Telefon an Online befrot. 1.156 Interviewe goufe via Telefon gemaach, dovunner 223 op fix Nummeren an 933 op Mobil-Nummeren. 707 Interviewe goufen online gemaach. Et goufe 521 Persounen aus dem Walbezierk Zentrum befrot, 712 aus dem Süden, 343 aus dem Norden an 287 aus dem Osten.
D'Detailer sti wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu oder hei am PDF: