
Wann et ëm d'Tripartite geet, si sech de Gros vun de Befroten eens: 83 Prozent vun hinne wëllen nämlech, datt eng Tripartite aberuff gëtt. Ënnert anerem dat geet aus enger neier Sonndesfro vun Ilres fir RTL an d'Wort ervir. Eng 1.863 walberechtegt Persoune goufe vum 13. bis de 24. Abrëll gefrot, also virun der Annonce vum Premier Luc Frieden, fir d'Sozialpartner beieneen ze ruffen.
En Dënschdeg um 17 Auer ginn et um Radio an op RTL.lu weider Resultater a verschidden Iwwerraschungen zu anere politesche Froen, dorënner wéi eng Parteien d'Leit géinge wielen, wann e Sonndeg Wale wieren. Déi grouss Analys gesitt der um 19:30 Auer am Journal op der Tëlee.