
Zwee Drëttel vun de Befroten an der neier Sonndesfro vun Ilres fir RTL an d'Wort ginn de Gewerkschafte Recht, fir Aktiounen ze lancéieren a sinn averstan mat der Ausso, datt d'Regierung eng patronatsfrëndlech Politik géing maachen. Dat ass esouguer de Fall fir e gudden Deel vun de Leit, déi CSV an DP géinge wielen, wann och keng Majoritéit vun hinnen.
D'Majoritéit vun all de Befroten - net grad zwee Drëttel, mä ëmmerhi 56 Prozent - gëtt awer och dem Patronat Recht géint d'Fuerderunge vun de Gewerkschaften ze sinn an ass mat der Ausso averstan, datt d'Betriber keng "strukturell Hausse vum Mindestloun" géinge "packen". Interessant ass och hei ze gesinn, datt just eng knapp Majoritéit vun de Leit, déi d'LSAP géinge wielen, net mam Patronat averstan wier.
Op den éischte Bléck gesäit et widderspréchlech aus. D'Erklärung kann aus dem Resultat zu enger anerer Fro ofgeleet ginn: 88 Prozent vun de Befrote si ganz oder éischter averstan mat der Ausso: "datt mir zu Lëtzebuerg kee Problem mam Mindestloun hunn, mee e Logementsproblem, deen dozou féiert, datt ee mam Mindestloun net liewe kann".
"Wéineg Wuesstem, héije Chômage, Krich an Energiekris: Ass et de richtege Moment, fir eng grouss Steierreform ze lancéieren, déi ronn eng Milliard Euro d’Joer kascht?", esou eng weider Fro. D'Äntwert dorobber ass e bësse méi gespléckt: 41 Prozent vun de Befrote sote "Jo, et ass de richtegen Timing". 44 Prozent fannen dat net. Interessant ass hei, datt Leit, déi d'ADR géinge wielen, gedeelter Meenung sinn, obwuel d'Partei ganz géint eng eenzeg Steierklass ass.
D'Äntwerten op zwou aner Froe weisen dann, datt 56 Prozent vun de Befrote fannen, datt trotz "Aussoen aus den USA" nach Verlooss op d'NATO ass, fir Europa am Noutfall ze verdeedegen. 71 Prozent si fir e Social-Media-Verbuet fir Jonker ënner 16 Joer. Kee vun de Befrote wier awer selwer dovunner betraff.
Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 13. bis 24. Abrëll 2026 gemaach ginn ass, goufen 1.863 walberechtegt Persounen iwwer Telefon an Online befrot. 1.156 Interviewe goufe via Telefon gemaach, dovunner 223 op fix Nummeren an 933 op Mobil-Nummeren. 707 Interviewe goufen online gemaach. Et goufe 521 Persounen aus dem Walbezierk Zentrum befrot, 712 aus dem Süden, 343 aus dem Norden an 287 aus dem Osten.
D'Detailer sti wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu oder hei am PDF: