PoliceZeienopruff no Vandalismus zu Colmer-Bierg
An der Nuecht op e Sonndeg tëscht 3.30 a 4 Auer hunn Onbekannter um Busarrêt "Colmar Centre" an der Avenue Gordon Smith d'Glas vum Bushaischen zerstéiert.
Verëffentlecht: 07.08.23 08:30, Update: 09.12.25 17:50
An deem Kontext sicht d'Police vu Miersch elo no Zeien. All Informatioune kënnt Dir um (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail: police.mersch@police.etat.lu un d'Police weiderginn.