Financial Times melltD'Lëtzebuerger Traditiounsbank BIL steet zum Verkaf

Monica Camposeo
2017 hat et nach geheescht, et géing een d'BIL als laangfristeg a strategesch Bedeelegung um Lëtzebuerger Marché gesinn.
Fir 2,5 Milliarden US-Doller soll d'BIL elo verkaf ginn, mellt d'Financial Times
© RTL Archiv

D'BIL steet zum Verkaf. D'Financial Times huet an engem Artikel e Sonndeg d'Rumeure confirméiert, dass d'Lëtzebuerger Traditiounsbank no bal 10 Joer vum aktuelle Besëtzer aus China, Legend Holdings, soll weider verkaf ginn.

2017 hat et nach geheescht, et géing een d'BIL als laangfristeg a strategesch Bedeelegung um Lëtzebuerger Marché gesinn. Zu deem Ament war den haitege Premier Luc Frieden President vum Verwaltungsrot vun der BIL.

Der Financial Times no léich de Präis bei 2,5 Milliarden US-Dollar, wat ronn 2,2 Milliarden Euro sinn. Viru bal 10 Joer hat Legend Holdings 1,48 Milliarden Euro bezuelt, fir 90 Prozent vun den Undeeler. Ronn 10 Prozent gehéiere jo dem Lëtzebuerger Staat.

Back to Top
CIM LOGO