
An der Stad um Knuedler ass et e Mëttwoch den Optakt vum Škoda Tour de Luxembourg 2026. Um 14:45 Auer wäerte sech d'Coureuren op de Wee maachen an no 157 Kilometer iwwer Land um Fëschmaart géint 18:30 Auer iwwer d'Arrivée fueren. Am Feierowendtrafic wäert et an a ronderëm d'Stad also duerch eng Rei gespaarte Stroossen zu Deviatioune kommen, déi op vdl.lu resuméiert sinn. Vum ACL ass et am Trafic Info dozou déi heite Meldung:
1.Etapp vum TDL 2026, Mëttwoch de 16.09.2026 mat Depart um 14h45 um Knuedler an Arrivée géint 18h30 um Fëschmaart an der Stad. Um 157 km laange Parcours via Eech, Stafelter, Fiels, Reisduerf, Veianen, Houschent, Buerschent, Esch-Sauer, Mäerzeg, Miersch a Walfer muss mat kuerzzäitege Spären, resp. Verkéiersbehënnerunge gerechent ginn. D’Police späert d’Stroossen um Parcours an der Reegel zirka 10 Minutte virun der Arrivée vum éischte Coureur.
Déi zweet Etapp wäert en Donneschdeg um 14:30 Auer vun Nidderkuer iwwer 167 Kilometer op Jonglënster féieren. De Parcours wäert ënnert anerem iwwer Leideleng, Haassel, Greiweldeng, Wecker, Bech, Iechternach a Chrëschtnech op e Parcours ronderëm Jonglënster féieren, wou d'Arrivée géint 18:30 Auer virgesinn ass. Op differdange.lu an op junglinster.lu stinn d'Detailer vun de Stroossen, déi fir den Depart, respektiv d'Arrivée wäerte beanträchtegt sinn.
Fir déi drëtt Etapp geet et e Freideg an den Norden, wou et vun 14 Auer u vu Wolz iwwer 180 Kilometer op Dikrech goe wäert. Um Parcours leien zum Beispill d'Staumauer, Esch-Sauer, Wäicherdang, Ëlwen, Wäiswampech, Clierf, Géisdref a Méchela, éier et zu Dikrech op e leschte Circuit wäert goen, wou d'Arrivée fir zirka 18:15 Auer programméiert ass. All néideg Detailer zu gespaarte Stroossen an Deviatiounen an de Start- an Zilberäicher stinn op wiltz.lu an diekirch.lu .
E Samschdeg ass déi véiert Etapp en Zäitfueren zu a ronderëm Ettelbréck. Kuerz no 16 Auer wäert den éischte Coureur op den 20,4 Kilometer laange Parcours goen, géint 18:25 Auer dierft dee Leschten ukommen. D'Streck féiert iwwer Grenzen, De Karelshaff, Méchelbuch a Mäerzeg zréck an d'Patton-Stad. Wéi eng Stroosse wéini gespaart wäerte sinn, kënnt Dir op ettelbruck.lu noliesen.
Déi fënneft a lescht Etapp vum Škoda Tour de Luxembourg wäert iwwer 177 Kilometer vu Miersch op de Lampertsbierg goen. Nom Depart um 12:15 Auer geet et iwwer Noumer, Gilsdref, Branebuerg, Wuelessen, Kautebaach, Donkels, Kietscht, Réiden, Sëll, Katrewang an d'Biergerkräiz op de Circuit ronderëm de Lampertsbierg, wou nom drëtten Tour, kuerz viru 17 Auer, de leschten Etappegewënner virun der Victor-Hugo-Hal wäert ermëttelt ginn. Op mersch.lu an op vdl.lu steet alles zu de gespaarte Stroossen.
Um ganze Parcours vum Škoda Tour de Luxembourg gëllt generell, dass d'Police de Parcours normalerweis ronn 10 Minutte virun der Arrivée vum éischte Coureur zou mécht, a sou bal de leschte Won vum Tour erduerch ass, ginn d'Stroossen nees opgemaach. Sämtlech Detailer stinn och op RTL.lu am Trafic Info vum ACL an op skodatour.lu .
All d'Etappe gesitt Dir live op RTL Tëlee Lëtzebuerg, jeeweils vu 16:30 Auer un an och um Radio gitt Dir dräimol den Dag gewuer, wéi et aktuell steet an de jeeweilegen Etappen.