Bekannt aus "Das Boot" a "Bang Boom Bang"Däitsche Schauspiller Ralf Richter am Alter vun 69 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi seng Kanner Aline a Maxwell an engem Post op Facebook schreiwen, ass hire Papp, den Acteur Ralf Richter, an der Nuecht op en Dënschdeg gestuerwen.
De Ralf Richter huet senge Kanner no schonn zanter méi laangem mat Häerzprobleemer ze kämpfe gehat.
De Ralf Richter huet senge Kanner no schonn zanter méi laangem mat Häerzprobleemer ze kämpfe gehat.
© MALTE OSSOWSKI/SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Géigeniwwer der Bildzeitung sot de Maxwell Richter, sengem Papp wier et schonn zanter méi laangem net gutt gaangen, hien hätt deemno Häerzprobleemer gehat. An der Erklärung vu senge Kanner heescht et: "Fir eis ass grad eng Welt stoe bliwwen". Fir vill Fans wier de Ralf Richter Schauspiller, Kultfigur an e Gesiicht gewiescht, dat si wärend ville Joer begleet hätt. Fir seng Kanner wier en awer virun allem e Papp gewiescht. Déi zwee erwuesse Kanner hunn de Fans fir d'Léift an d'Wäertschätzung fir hire Papp an de leschte Jore Merci gesot.

Bekannt gouf de Ralf Richter virun allem duerch de legendäre Kinofilm "Das Boot" vum Realisateur Wolfgang Petersen aus dem Joer 1981, dee weltwäit Succès hat a villen Acteuren zum Duerchbroch verhollef huet. 1999 hat de Richter an der Ruhrpott-Komedie "Bang Boom Bang" de Gangster Kalle Grabowski gespillt an e weidere groussen Erfolleg gefeiert. Deemols, bei der Première vum Film, gouf hie souguer selwer festgeholl a spéider wéinst Kokainhandel zu enger Prisongsstrof verurteelt.

Back to Top
CIM LOGO