Zolidd Präishausse op der PompelBensinn gëtt iwwer 10 Cent méi deier, 98er nees bei iwwer 2 Euro de Liter

RTL Lëtzebuerg
Op der Pompel ass et vun e Mëttwoch un eng massiv Präishausse bei béide Bensinnszorten.
Den 98er Bensinn wäert vun e Mëttwoch un iwwer 2 Euro de Liter kaschten.
© RTL Archiv

Bei béide klëmmt de Präis ëm iwwer 10 Cent: De 95er klëmmt ëm 10,5 Cent op 1,898 Euro de Liter. Den 98er gëtt ganzer 14,7 Cent méi deier a kascht vun Hallefnuecht un 2,128 Euro de Liter.

© RTL Grafik

Héich Spritpräisser net nëmmen zu Lëtzebuerg: Däitsch Regierung annoncéiert Mesurë fir Automobilisten z'entlaaschten

D'Spritpräisser sinn iwwerall amgaangen, zolidd an d'Luucht ze goen. Elo huet den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz annoncéiert, datt een d'Leit wéilt entlaaschten. Fir vill Leit, déi am Alldag op een Auto ugewise sinn, wieren déi aktuell Sprit-Haussen eng schwéier Belaaschtung, dofir misst dem däitsche Kanzler no gehandelt ginn. Wat genee déi däitsch Regierung vir huet, ass net gewosst, et géif een allerdéngs geschwënn eng Propos presentéieren.

An Däitschland gouf e Méindeg nees en neie Rekordwäert erreecht. De Liter Super Bensinn louch bei 2,286 Euro, esou deier ewéi nach ni.

Hei zu Lëtzebuerg kréien d'Stéit am Kader vum Resilienz-Pak, deen an der Tripartite vum Juni beschloss gi war, jo eng Rei Entlaaschtungen, déi iwwer de Summer ugelaf sinn. Dorënner eng Reduktioun vu 5 Cent de Liter Bensinn oder Diesel. Och ginn et Subventiounen op de Reseauskäschten an eng Reduktioun beim Heizungsmasutt. Des Mesurë solle mol bis Enn des Jores hei am Land gëllen.

D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO