
D'Spritpräisser op der Pompel sinn no der Hausse beim Diesel an trotz Baisse beim Bensinn iwwert de Weekend nees op rekordhéijen Niveauen an de Brent ass e Méindeg nach emol op 109 US-Dollar de Barrel geklommen. Ewéi et an den nächste Wochen a Méint weidergeet, wier iwwerdeems "onméiglech" ze soen, well d'Situatioun am Mëttleren Osten, mee och op de Marchéen all Moment ännert.
De Wirtschaftsministère decidéiert jo och all Dag de Basispräis fir de Sprit. Als Referenz hëlt en d'Cotatioune vun Argus. Een onofhängegen Ubidder vun Energie a Rostoffpräisnotéierungen, esou de Ministère a sengem Schreiwes.
Weider heescht et: Am Detail baséieren d'Präisser vu Masutt an Diesel op der Notéierung "Gasoil diesel10ppm German Rotterdam fob barge prompt", fir de 95 an 98er nennt en änlech technesch Begrëffer "Gasoline Eurobob non-oxy NWE barge prompt" a "Gasoline 98r NWE barge prompt". "Barge prompt" bezitt sech op e Kaf oder Verkaf vun enger Wuer oder enger Matière première, déi an engem relativ kuerzen Zäitraum kann op e Schëff geluede ginn. "Fob" steet fir "Free on board".
De Präis op der Pompel hänkt dann och vum Wiesselcours Dollar–Euro of, well d'Notéierungen an Dollar sinn. An anere Wieder, e staarken Euro a schwaachen Dollar spillen dem Automobilist heiheem an d'Kaarten.
Bei d'Basispräisser kommen dann nach d'Accisen an uewendrop d'TVA. War d'TVA an der Suite vun der Energiekris nom Ufank vum Krich an der Ukrain vu 17 op 16 Prozent erofgesat ginn, esou läit déi elo nees bei 17 Prozent. D'Accisen, déi si bis Enn vum Joer esou festgeluecht: beim 95er an 98er bezilt een op engem Liter 0,53 Cent a beim Diesel 0,42 Cent.
Esouwuel d'TVA ewéi d'Accise sinn hei am Land däitlech méi niddreg ewéi an eisen Nopeschlänner. Lëtzebuerg bedreift jo bewosst eng Politik vun Tanktourismus, well dat méi Recettë generéiert.
Bis Enn vum Joer gëllt dann och heiheem eng Subventioun vu 5 Cent de Liter, déi op der Tripartite am Juni decidéiert gi war.
Ufanks vum Mount wollt de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles "nach net an d'Glaskugel kucken" an deemno net soen, ob d'Mesurë verlängert ginn oder net. Am selwechten Otemzuch sot hien awer och, de Staat kéint nëmme "limitéiert" op d'Präisentwécklunge reagéieren.
Bei de Preparatioune vun der Tripartite am Fréijoer war de Statec esouguer am pessimisteschen Zenario vun engem Enn vum Konflikt bannent 6 Méint (also bis September-Oktober) ausgaangen. Den negativen Zenario riskéiert also nach ze vill optimistesch gewiescht ze sinn. Déi Zenarie kéinten en vue vum Suivi vun der Tripartite awer aktualiséiert ginn, sou nach d'Regierung.
Déi zoustänneg Servicer wieren amgaangen, en Datum am Oktober fir e Comité de Suivi vun der Tripartite z'identifizéieren.