Inneministère confirméiertDen Alain Becker ass net méi Chef vun der Direktioun vun der Securité civile

RTL Lëtzebuerg
Op Nofro confirméiert de Ministère awer, datt den Alain Becker nach President vum CGDIS bleift, dat bis zum Enn vu sengem Mandat.
De Chef vun der Direktioun vun der Sécurité Civile am Inneministère, den Alain Becker, de 17. August 2026.
De Chef vun der Direktioun vun der Sécurité Civile am Inneministère, den Alain Becker, de 17. August 2026.
© RTL

Den Alain Becker gouf mat Effet immediat revoquéiert. Weider Detailer zu där Personaldecisioun wéilt een net kommunikéieren, sou den Inneministère.

De Ministère confirméiert awer op Nofro hin, datt den Alain Becker bis zum Schluss vu sengem Mandat President vum CGDIS bleift. Säi Mandat als President leeft awer den 31. Dezember aus. Dat wéinst der Tournante tëscht Gemengen a Staat un der Spëtzt vum CGDIS.

Iwwert de Summer stoung d'Generaldirektioun an der Kritik wéinst der Kommunikatioun a Saachen Damp vun de Bëschbränn am belsche Naturpark vum Héije Venn déi iwwert Lëtzebuerg gezu waren.

Den Alain Becker, fréieren LSAP-Gemengerotsmember zu Diddeleng, sot RTL op Nofro, hien hätt seng Aarbecht mat Leidenschaft gemaach. Uganks d’lescht Joer hat den CSV-Inneminister Léon Gloden säi Mandat als Premier Conseiller de gouvernement ëm siwe Joer verlängert. Hie géif dem Minister seng Decisioun acceptéieren a respektéieren, esou den Alain Becker. Et wier och um Léon Gloden, fir seng Beweeggrënn z’erklären. Den Alain Becker gëtt elo am Cabinet vum Minister fir d’international Relatiounen an der Sécurité civile zoustänneg.

Back to Top
CIM LOGO