Et ass de 15. September an domat den Dag vun der offizieller Rentrée an der Grondschoul an dat heescht fir méi wéi 64.000 Schüler an de Cyclen 1 bis 4 ass d'grouss Vakanz eriwwer. Dat sinn der dëst Joer nees ronn 1.000 méi wéi nach zejoert. Déi Allermeescht, nämlech bal 58.700 ginn an den Enseignement public, liicht iwwer 5.000 an de Privé.
Beim Léierpersonal sinn et der 6.600, dovun 80 Prozent Fraen, déi en Dënschdeg nees an d'Schoul ginn.
Nieft de Grondschoulen huet och d'Uni Lëtzebuerg Rentrée. 2.800 nei Inscriptiounen gouf et dëst Joer, dat ass e Plus vun ëmmerhin 4 Prozent géintiwwer zejoert.
Et ginn dann och zwee fuschnei Master-Studiegäng enseignéiert, an de "Sciences Actu-arielles", oder anescht gesot an der Assurance-Mathematik, an et gëtt en neie Master an der Educatioun fir Léierpersonal, dat scho Beruffserfarung huet.
Am Lycée starten d'Coursen och dës Woch, awer nach net um Dënschdeg.
E Mëttwoch ass et un de 7ièmes-Klassen an en Donneschdeg dann och un all deenen Aneren. Gefuerdert sinn dann allerdéngs en Dënschdeg eng sëllege Schüler, déi déi lescht Wochen iwwer bestëmmt genuch ze dinn haten. Et ginn nämlech d'Premières-Noexamen geschriwwen. 652 Schüler si concernéiert oder anescht gesot 17 Prozent vun allen Ofschloss-Schüler vun zejoert.
An der Gemeng Stengefort waren um Méindeg déi lescht Preparatiounen amgaang. Een Dag virun der Rentrée ginn an der Grondschoul zu Klengbetten nach eng Kéier d'Stonnepläng kontrolléiert an déi lescht Detailer fir dat neit Schouljoer gekläert.
Zu Klengbetten sinn déi ënnescht Klasse vum Cycle 2 ënnerbruecht. Fir vill Kanner ass et domat e besonnesche Schoulufank: Si wiessele vun der Spillschoul an d'Primärschoul. Fir hinnen dësen Iwwergang méi einfach ze maachen, hunn d'Enseignanten e Méindeg de Mëtteg eng Pre-Rentrée organiséiert. D'Kanner konnten esou schonn hir nei Klass an hir Enseignantë kenneléieren.
Och wann an de Schoulen elo nach déi lescht Stonne virun der Rentrée genotzt gi fir déi lescht kleng Preparatiounen, huet d'Organisatioun vum neie Schouljoer scho Méint virdrun ugefaangen. Stonnepläng, Verdeelung vun de Klassesäll an d'Organisatioun vum Schoulbetrib ginn zënter dem Fréijoer virbereet.