Dir hutt d'WuertEducatiounsminister Claude Meisch stellt sech Äre Froen zum Theema Schoul

Carine Lemmer
D’Vakanz ass eriwwer an d’Schoul fänkt nees un. An en Dënschdeg 15. September hutt Dir d’Méiglechkeet, dem Educatiounsminister Claude Meisch Är Fro ze stellen.
© RTL Grafik

D'Alphabetiséierung op Franséisch, méi eng laang Schoulflicht bis 18 Joer, déi schlecht PISA-Resultater, d'Liesproblemer an den Dauerbrenner-Handy, deen nach méi streng soll am Lycée bis 5e verbuede ginn, si Sujeten, déi Dir kënnt kommentéieren.

De Claude Meisch ass live bei eis am Studio.

Rufft eis en Dënschdeg de Moien un op den Telefon 13 30 oder schreift eis elo schonn iwwert de Formulaire hei drënner.

"Dir hutt d'Wuert" iwwer d'Schoul mam Educatiounsminister Claude Meisch ass en Dënschdeg de Moien direkt no den Neiegkeete vun 8 Auer.

Back to Top
CIM LOGO