Hat e Fuerverbuet an ze vill gedronkChauffeur mécht sech no Accident aus dem Stëbs

RTL Lëtzebuerg
Wéi et heescht, hat eng Persoun, déi beim Verkéiersaccident mat involvéiert war, d'Police geruff. Dat hat offensichtlech ee Chauffeur e wéineg nervös gemaach.
© Domingos Oliveira

E Freideg géint 15:30 Auer koum et an der Avenue des Alliés zu Ettelbréck zu engem Accident tëscht zwee Gefierer. Dobäi ass kengem eppes passéiert, et ass just e liichte Schued entstanen. Ma wéi awer eng Persoun an engem Auto d'Police ruffe wollt, huet de Chauffeur vum aneren Auto decidéiert, weider ze fueren an ass vun der Plaz vum Accident geflücht. Dobäi gouf eng bedeelegt Persoun, déi bei Accident am aneren Auto souz, liicht um Fouss touchéiert, soll sech éischten Informatiounen no awer net blesséiert hunn.

Am Kader vun der Sich säitens der Police gouf dat gesichte Gefier spéider am Rond-point Schinker am Parc Housen entdeckt a gestoppt ginn. De Chauffeur selwer gouf kuerz drop kontrolléiert. Et huet sech séier rausgestallt, dass géint de Mann e Fuerverbuet bestanen huet. Och den Alkoholtest war positiv.

Op Uerder vum Parquet goufen d'Gefier an en Handy saiséiert. De Mann gouf festgeholl a koum e Samschdeg de Muere virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO