LiewensmëttelverschwendungZukunft vun On.perfekt soll de Landwirtschaftsministère klären

Diana Hoffmann
On.perfekt ass eng Kooperativ, déi onperfekt Liewensmëttel ophëlt a weider verkeeft.
On.perfekt ass eng Kooperativ, déi onperfekt Liewensmëttel ophëlt a weider verkeeft.
Ronn en Drëttel vum Geméis gëtt den Normviirstellunge vun de Supermarchéën net gerecht.
© RTL Archivbild

D'Konventioun mat On.perfekt wier net gekënnegt ginn, mee ausgelaf an net nei ofgeschloss ginn. Dat äntwert den Ëmweltminister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Luc Emering. Als Grond nennt de Minister, datt d'Bekämpfung vun der Liewensmëttelverschwendung der Ressortverdeelung an der Regierung no an de Kompetenzberäich vum Landwirtschaftsministère fält.

Wéi On.perfekt schonn Enn August op RTL-Nofro erkläert hat, gëtt et fir d'Iwwergangsphas awer nach eng Finanzéierung bis Enn dës Jores. Dat confirméiert och den Ëmweltministère. D'Kooperativ wier dobäi op d'Méiglechkeet higewise ginn, eng Finanzéierung beim Landwirtschaftsministère unzefroen, schreift de Serge Wilmes. D'Marie-Anne Diesel, Comitésmember bei On.perfekt, hat am August awer och gesot, datt d'Kooperativ de 25. Juni eng schrëftlech Confirmatioun kritt hätt, datt d'Konventioun verlängert géif ginn. Zwou Woche méi spéit hätt een hinnen awer matgedeelt, datt dat dach net géif geschéien.

Op d'Fro vun den Deputéierten, ob wéinst dem Auslafe vun der Konventioun Leit hu missen entlooss ginn, konnt de Ministère keng Äntwert ginn. D'Marie-Anne Diesel hat awer erkläert, datt eng Persoun, déi d'Kooperativ verlooss huet, net ersat géif ginn. Dobäi géif et sech ëm eng Persoun handelen, déi Sensibiliséierungsaarbecht a Schoule gemaach huet.

On.perfekt ass eng Kooperativ, déi onperfekt Liewensmëttel ophëlt a weider verkeeft, am Geschäft zu Maarnech an iwwer Geméiskëschten. Zousätzlech maachen d'Mataarbechter Sensibiliséierungsaarbecht a Schoulen a bei Manifestatiounen, fir géint Liewensmëttelverschwendung opzeklären.

Liest och

Back to Top
CIM LOGO