
Wéi steet et ëm d'Rechtsstaatlechkeet an de 27 Memberlänner vun der Europäescher Unioun? Déi Fro stellt sech déi Europäesch Kommissioun all Joer a presentéiert ee Rapport, an deem d'Situatioun vun all eenzelem Land méi genee beliicht gëtt. Lëtzebuerg krut och dëst Joer nees eng zimmlech gutt Zensur, den Niveau vun der Onofhängegkeet vun der Justiz géing op engem ganz héijen Niveau bleiwen. Et ginn awer natierlech och ëmmer Punkte mat Loft no uewen. E Méindeg de Moie gouf de Rapport an den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert. Zu engem wierklech fundéierten Debat ass et dobäi awer net komm, wéi den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten bedauert.
"Mir hu lo eigentlech de Rapport eng Kéier virgelies kritt, méi ass net geschitt. Mir konnte jo keen Echange hunn, et war kee Regierungsvertrieder hei, weder ee Member vun der Regierung nach ee Beamten, mat deem mer hätte kënnen een Echange hunn. Dee Rapport ass eigentlech fir Lëtzebuerg ganz gutt, nach sinn ëmmer Recommandatiounen dran, wou mer eis kënne verbesseren, notamment d'Digitaliséierung. Awer och gëtt drop higewisen, an dat wësse mer alleguerten, op d'Lenteur vun der Justiz an enger Partie Domainer, mee wéi gesot, mir konnten haut jo guer net mat engem vun der Regierung doriwwer schwätzen, well et war keen do."
De President vun der parlamentarescher Justizkommissioun Laurent Mosar kann déi Kritik iwwerdeems net novollzéien, bei ganz ville Kommissiounssëtzunge wier kee Regierungsmember mat dobäi. Wat déi deels lues Prozeduren ugeet, sou wieren déi effektiv ee Problem, fir deen et awer Léisunge géing ginn, un deene geschafft gëtt.
"Dat geet zu engem Deel iwwert eng Digitalisatioun vun eisem Justizsystem, un deem am Moment ganz proaktiv a positiv geschafft gëtt, mee och do si mer nach net ukomm, wou mer wëllen. Dann ass och dee Punkt ugeschwat gi vun de Juridictions administratives, och do komme lo eng Rei vun Initiativen, notamment datt do nei Chambere komme fir d'Asylprozeduren, déi dozou bäidroen, datt d'Delaien do de Moment ganz ganz laang sinn. Dat ass och eng positiv Demarche."
D'DP-Deputéiert Simone Beissel gesäit d'Responsabilitéit fir déi zimmlech laang Delaie virop bei der viregter Regierung.
"Et sinn ëmmer méi Reegelen an ech soen ëmmer, 'la législation crée l'infraction'. Mir hunn ëmmer méi Affären a mir hu manifestement net genuch Riichter. Ee Riichter muss och forméiert ginn an et schéngt jo awer sou, ouni datt ech lo direkt ee Reproche wëll maachen, datt an där Regierung virdru manifestement guer net genuch rekrutéiert ginn ass par rapport zu der Zuel vun den Affären, déi explodéiert ass. A lo hinke mer hannendrun a lo kréien déi Affären ëmmer méi grouss Delaien."
Et sief drun erënnert, datt ënnert der Dräierkoalitioun aus DP, LSAP an deene Gréngen de Justizministère 10 Joer laang a grénger Hand war.
Well kee Vertrieder vun der Regierung bei der Sëtzung dobäi war, ass dës mat ronn 40 Minutten zimmlech kuerz ausgefall. Eng kleng Diskussioun gouf et just mat Bléck op d'Gesetzgebung vun de Marchés publics. De Marc Goergen vun de Piraten huet kritiséiert, datt et quasi keng Suitten hätt, wa sech net un d'Gesetz gehale géing ginn, dat hätt ee rezent an der Gemeng Péiteng, méi genee zu Rodange, gesinn, wou ee Parking fir 8 bis 9 Milliounen Euro gebaut géing ginn, ouni datt e virdrun ausgeschriwwe gi wier.
"Dat eenzegt, wat den Inneminister do mécht, ass de béise Fanger weisen an ee Bréif schreiwen. Do hunn ech de Moien eng Question parlementaire mat enger dommer Äntwert zeréckkritt, sou wéi, 'kuckt net méi weider den Dossier'. An dat ass eben ee vun de Problemer hei zu Lëtzebuerg, wann esou Saache geschéien, muss och eng Suite do sinn an et kann net einfach sinn, datt dann einfach ewechgekuckt gëtt. An dat ass eng Diskussioun, déi mer de Moien haten, nodeems aner Parteie gemengt hunn, datt d'Marchés-publics-Gesetz vläicht ze streng wier, do si mir als Piraten natierlech anerer Meenung, och wann een aner Projete kuckt, ob dat lo d'Opfaart Féiz ass oder aner Projete ronderëm den Tram an de GRIDX."
Mat där Meenung hätt een als Piraten awer zimmlech eleng do gestanen, d'Vertrieder vun deenen anere Parteien hätte just gelaacht.