
Antëscht ass et schonn de véierte Rapport, deen duerch Ëmfroen a Statistike weist, wéi et hei am Land ëm d'Egalitéit steet.
E puer Zuelen erausgepickt: Ënnert den Affer vun haislecher Gewalt waren zejoert 58 Prozent Fraen an 42 Prozent Männer. Allgemeng gouf et bei den Interventioune vun der Police wéinst haislecher Gewalt eng Hausse vun 10 Prozent registréiert. Wat d'Homicides, respektiv d'Féminicides ugeet, esou goufen et der zejoert fënnef. Dräi Mol ware Männer Affer an zwee Mol Fraen. En anere Volet, deen den Observatoire ënnert d'Lupp geholl huet, ass dee vun der sougenannter Care-Aarbecht. Souwuel zwee Drëttel vun de Fraen, wéi och vun de Männer, fannen, dass sech d'Wuelbefanne vun der Famill verbessert, wa sech d'Mammen an d'Pappen de Congé parental opdeelen. Och, wat den Haushalt oder d'Kannerbetreiung nieft der bezuelter Aarbecht ugeet, gesäit een eng positiv Entwécklung.
An der Kommissioun hunn nieft der Ministesch och d'Deputéiert begréisst, dass konkret Zuelen erhuewe ginn. Dat wier wichteg, fir eng evidenzbaséiert Politik kënnen ze maachen, esou d'Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuriko Backes. Fir verschidde Voleten awer nach weider ze verbesseren, bräicht et awer Zäit, esou d'Ministesch. Den Gender Pension Gap, also vereinfacht ausgedréckt, den Ënnerscheed tëscht der Pensioun vun de Fraen an där vun de Männer, wier zu Lëtzebuerg nach ëmmer méi héich wéi am EU-Duerchschnëtt. Wien haut net vollzäit schafft, kritt spéider natierlech och manner Pensioun. Dat misst een haut ugoen, fir dass mer deen Ënnerscheed ausgeglach kréien, esou d'Yuriko Backes, och wa sech d'Auswierkungen net direkt weisen.
Dacks wieren et d'Fraen, déi wéinst der Kannerbetreiung decidéieren, net vollzäit ze schaffen. Dowéinst bedauert d'LSAP-Deputéiert a Vize-Presidentin vun der Familljekommissioun, d'Claire Delcourt de "Congée partiel familial". Dës rezent Propos vum Aarbechtsminister Marc Spautz gesäit eng méiglech Aarbechtszäitreduktioun vu 4 Stonne fir Eltere vu Kanner bis 13 Joer vir. Wann een dat da wëll a wann de Patron averstanen ass. Dës 4 Stonne ginn awer net remuneréiert, esou dass da warscheinlech nees Fraen am Alter penaliséiert sinn a manner Pensioun kréien.
An deem Sënn huet den adr-Deputéierten Dan Hardy no der Kommissioun gesot, et wier besser, wann déi 4 Stonne géinge remuneréiert ginn. Domadder géing de Staat och weisen, dass ëm dat um Häerze läit, méi am Sënn vum Familljeliewen ze maachen, esou den adr-Deputéierten. D'Ministesch Yuriko Backes wollt sech souwuel op Nofro vun den Deputéierten, wéi och um RTL-Mikro net zu der Propose vum Aarbechtsminister ausdrécken. Si wéilt fir d'éischt mam Marc Spautz perséinlech doriwwer schwätzen.