Aus dem PolicebulletinMänner schloen am Garer Quartier mat metalle Staang op Persoun an

Samantha Weber
D'Police war e Sonndeg e puer Mol wéinst Ausernanersetzunge mat Blesséierte geruff ginn.
An der Rue Bourbon sinn e Sonndeg den Owend zwou Gruppe Leit unenee geroden.
An der Rue Bourbon sinn e Sonndeg den Owend zwou Gruppe Leit unenee geroden.
© RTL Mobile Reporter

E Sonndeg den Owend géint 18:10 Auer war d'Police wéinst enger kierperlecher Ausernanersetzung virun engem Café an der Stroossbuerger Strooss geruff ginn. Éischten Erkenntnisser no haten zwee Männer mat enger metalle Staang op eng Persoun ageschloen. Ee vun de Verdächtege soll ausserdeem mat der Staang eng Fënster vun engem Café beschiedegt hunn.

Op der Plaz hunn d'Beamten ee Mann ugetraff, dee blesséiert war. Dëse koum fir eng medezinesch Versuergung an d'Spidol, wéi d'Police schreift.

Déi zwee Verdächteg konnte kuerz drop ugetraff ginn an haten däitlech ze vill gedronk. Well si sech onkooperativ verhalen hunn an eng Gefor fir sech an anerer waren, hunn d'Poliziste si mat an den Arrest geholl.

Eng blesséiert Persoun no Sträit ugetraff

Dee selwechten Owend gouf et eng gréisser Ausernanersetzung tëscht e puer Leit an der Géigend vun der Rue du Fort Bourbon. De Sträit hat sech awer schonn opgeléist, wéi d'Beamen op d'Plaz koumen. Kuerz drop konnt awer e blesséierte Mann an der Avenue de la Gare ugetraff ginn. Hien hat e puer Blessuren um Kapp a gouf op der Plaz medezinesch versuergt. D'Police huet Ermëttlunge lancéiert.

Ee Blesséierten zu Bouneweg

E weidere Blesséierte gouf et ausserdeem nach e Sonndeg zu Bouneweg an der Diddenuewener Strooss. Hei war e Mann bei enger Tankstell vun zwee Onbekannten ugeschwat ginn, éier si hien ugegraff a säi Portmonni mat perséinlechen Dokumenter a Bankkaarte geklaut hunn. Déi zwee sinn doropshin zu Fouss geflücht, konnten awer vu Poliziste gepëtzt ginn. Béid hu staark no Alkohol geroch.

De Blesséierten hat eng Platzwonn um Kapp a Blessuren am Beräich vum A. Hie koum an d'Spidol. D'Police huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO