
Den Andy Schleck trëtt als Directeur de Course vum Škoda Tour de Luxembourg zeréck. Grond dofir wier säin Job als CEO vu LIDL-Trek. Als Directeur de Course misst een onparteiesch sinn. Béid Poste gläichzäiteg auszeüben, kéint zu Problemer féieren, falls den Andy Schleck als Teamchef vu LIDL-Trek Decisioune an der Course vir oder géint ee vun senge Coureure misst huelen.
Vun dëser Editioun un iwwerhëlt den Albrecht Röder de Rôle vum Directeur de Course. Den Däitschen huet dës Aufgab och scho beim Däitschland-Tour iwwerholl. Assistéiert gëtt hie vum Fabian Wegmann, engem fréiere Co-Equipier vum Andy Schleck bei der deemoleger Ekipp Leopard Trek. Fir d'Zukunft ass ugeduecht, datt eng Persoun aus dem Organisatiounscomité vum Škoda Tour de Luxembourg d'Aufgab vum Directeur de Course soll iwwerhuelen.
Den Andy Schleck bleift awer weiderhi President vum Škoda Tour de Luxembourg.