Vuelta: 19. EtappEddie Dunbar wënnt, Mats Wenzel laang am Spëtzegrupp

Tom Nols
Tom Flammang
Op der 19. Etapp ass et iwwer 210 Kilometer vu Velez-Malaga op Penas Blancas. Estepona gaangen. Op den éischte siwe Plazen huet sech am General näischt geännert.
Den Eddie Dunbar (Drëtte vu riets) huet sech um Enn duerchgesat.
Den Eddie Dunbar (Drëtte vu riets) huet sech um Enn duerchgesat.
© JOAN CROS/NurPhoto via AFP

Den Eddie Dunbar huet déi 19. Etapp vun der Vuelta gewonnen. Um leschte Kilometer virun der Arrivée konnt den Ir de beschte Grimpeur am General, de Santiago Buitrago, stoe loossen a sech beim Tour duerch Spuenien seng drëtt Victoire um Bierg sécheren. De Kolumbianer hat zwee Kilometer viru Schluss aus enger Echappée eraus attackéiert.

Déi 19. war mat 210 Kilometer déi längsten Etapp vun der Vuelta 2026. Um Programm stoungen zwou Montéeë vun der zweeter an eng vun der éischter Kategorie. Mat 5 Minutten an 20 Sekonne Retard sinn d'Favoritten all zäitgläich ronderëm den Enric Mas, deen domat säi Rouden Tricot verdeedegt, um leschte Bierg ukomm.

Ugangs der Etapp hat sech eng Echappée vu 16 Coureuren, mam Lëtzebuerger Mats Wenzel, ofgesat. Am leschte Bierg op d`Arrivée erop ass de Spëtzegrupp explodéiert an de Mats Wenzel huet de Kontakt verluer. Um Enn vun der Etapp war et déi 29. Plaz fir de Lëtzebuerger.

E Samschdeg wäert et op der Kinneksetapp duerch d'Sierra Nevada iwwer 187 Kilometer a 5.000 Héichtemeter goen. Dräi Bierger vun der éischter Kategorie an um Enn een aus der Especial-Kategorie waarden op d'Coureuren.



D'Vuelta 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO