
D'Kantonspolizei Graubünden huet en Donneschden den Owend matgedeelt, dass bei engem Accident, an deen e Reesbus verwéckelt war, eng onbekannt Zuel u Leit gestuerwe wieren. Donieft wieren eng Rei Persoune blesséiert ginn.
Am Kanton Graubünden wier et tëscht den Uertschafte Susch an Zernez, am Beräich vun engem Stroossechantier, zum Accident komm. Der Schwäizer Press no géing et sech ëm e Bus aus Holland handelen, deen am Gruef nieft der Strooss läit. D'Federatioun vun der hollännescher Rees-Branche huet dat entretemps confirméiert an et wieren 48 Persounen u Bord gewiescht. D'Gefier wier fir en Dagesausfluch an der Schwäiz an zum Zäitpunkt vum Ongléck a Richtung Éisträich ënnerwee gewiescht.
Op der Plaz sinn e sëllege Secouristen a Rettungsdéngschter am Asaz, wärend iwwert der Plaz vum Ongléck Helikoptere fléien. Et wier een donieft am enke Kontakt mat der Busentreprise an et géing ee versichen, d'Famille vun den Touristen ze kontaktéieren. E Freideg wëllt den Direkter vun der Bus-Firma op d'Onglécksplaz fueren.