
Massiv Explosiounen am Süde vum Libanon, ervirgeruff duerch israeelesch Sprengunge vun ënnerierdeschen Infrastrukture vun der Hisbollah, hu beim United States Geological Survey Alarm ausgeléist. Et wier en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 4,1 Punkten op der Richter-Skala gemooss ginn.
AFP-Journalisten hate staark Explosiounen an der Regioun gemellt, wärend den israeelesche Verdeedegungsministère Fotoe vun der Plaz publizéiert huet.
An engem gemeinsame Communiqué hunn de Premier Benjamin Netanjahu an de Verdeedegungsminister Israel Katz matgedeelt, dass strategesch Infrastruktur getraff gi wier, déi wärend zwee Joerzéngte vum Iran matfinanzéiert a geplangt gi wier.