
Op der 17. Etapp vun der Vuelta gouf et no flaachen 185 Kilometer Richtung Sevilla op en Neits eng Victoire am Sprint vum Matthew Brennan. Et ass dem Britt seng 5. Etappevictoire bei dëser Editioun vum Tuer duerch Spuenien. En Dënschdeg hat hie sech och duerchgesat. De Lëtzebuerger Mats Wenzel koum e Mëttwoch mat engem Retard vun enger Minutt a 46 Sekonnen op Plaz 130.
Am General bleift alles onverännert. Den Enric Mas behält weiderhin d’Féierung. De Wenzel läit do op Plaz 114.
Et war eng Etapp, déi perfekt fir Sprinter war. Iwwer flaach 185 Kilometer goung et vun Dos Hermanas op Sevilla. Fréi an der Course hat sech eng Echappée vun zwee Coureure forméiert. De Grupp un der Spëtzt konnt sech tëschenzäitlech eng Avance vu bis zu 5 Minutten erausfueren. An der Suite huet de Peloton hannendrun awer op de Gas gedréckt an de Virsprong ass geschmolt.
15 Kilometer viru Schluss huet den Enzo Paleni aus der Echappée eraus attackéiert an huet sech eleng op de Wee Richtung Sevilla gemaach. 3 Kilometer virun der Arrivée gouf de 24 Joer ale Fransous awer agefaangen an et koum zum Massesprint. Do war et fir déi 5. Kéier an dëser Vuelta de Matthew Brennan, deen am Sprint dee Séierste war.