Vun den zwee Tramsgleiser gëtt wärend der Fouerzäit jo just eent befuer, wärend dat anert enger ganzer Rei Stänn fir d'Schueberfouer zur Verfügung steet. Sollt an Zukunft d'Decisioun falen, datt och dat zweet Gleis wärend der Fouer nees soll befuer ginn, hätt dat dem Fouermeeschter Laurent Schwaller no Auswierkungen op d'Fouer:
“Am Endeffekt sinn et natierlech politesch Decisiounen, mee ech mengen eis ass et wichteg, dass d' Fouer elo op där Plaz hei an an där Gréisst och hei bleift, och dass dat eent Gleis vum Tram zur Verfügung steet, well d' Fouergeschäfter nun emol déi Gréisst hunn, déi se hunn. A wa mer elo do misste méi kleng maachen, da fält eng Allee wech, dat heescht, eng ganz Rëtsch Geschäfter an och e ganz anere Sécherheetsdispositif. An dann si mer erëm bei den Zuele vun de Leit, et cetera. Dat huet also méi e groussen Impakt, wéi just ze soen, oh, elo falen eng hallef Dose Geschäfter ewech. Dat heescht, fir eis ass et wichteg, kënnen an deem Dispositif, wéi mir elo hunn, och virunzeplangen", sou de Fouermeescher.
Extrait Laurent Schwaller