Technesche Problem bei der PostPost-, Finanz- an eboo-Servicer aktuell net disponibel, och Bezuele mat Kaart betraff

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Post matdeelt, sinn aktuell verschidde vun hire Servicer wéinst engem technesche Problem net disponibel.
© Post Lëtzebuerg

D'Post mellt e Mëttwoch de Moien eng technesch Stéierung, duerch déi verschidde vun hire Service aktuell net disponibel sinn. Betraff si virun allem d'Post- a Finanzservicer am Verkafsreseau, souwéi d'eboo-Déngschter, dorënner den E-Banking an d'Bezuele mat der Kaart.

D'Telekommunikatiounsservicer vun der Post géingen awer wéi gewinnt funktionéieren.

Déi technesch Ekippe vun der Post schaffen dorun, d'Servicer nees esou séier wéi méiglech hierzestellen.

D'Post betount, datt de Problem net a Relatioun mat der Migratioun vum Core Banking System, déi de leschte Juli gemaach gouf, stéing. Donieft géing et den Ament keng Unzeeche fir eng Cyberattack.

D'Schreiwes vun der Post

Back to Top
CIM LOGO