
Éischten Informatiounen no war de Mann ze Fouss am Beräich tëscht der Route d'Arlon an der Rue Aloyse Kayser ënnerwee, wéi zwee Onbekannter hien ugegraff hunn. D'Affer gouf dobäi op eng Gréngfläch gezunn a geschloen. Hie krut seng perséinlech Dokumenter aus dem Rucksak geklaut, seng Auer vum Aarm gerappt a säin Handy gouf beschiedegt. Donieft gouf hie mat engem spatze Géigestand liicht um Uewerschenkel verwonnt, wéi d'Police nach preziséiert.
No der Dot si béid Verdächteg a Richtung Märel geflücht. D'Police huet direkt eng Sichaktioun mat e puer Unitéiten an dem Helikopter lancéiert. Dës hat kee Succès, allerdéngs goufen op enger Wiss net wäit ewech, wou et zum Iwwerfall koum, ënner anerem e Messer, déi zerrappten Dokumenter vum Affer an anert Beweismaterial fonnt a saiséiert.
De Mann koum no enger Éischtversuergung op der Plaz an d'Spidol. D'Ermëttlunge lafen.