Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg gëtt de Škoda Tour de Luxembourg gefuer. E Freideg de Moien hunn d'Organisateure lescht Detailer bekannt ginn. Nieft siwe World-Tour-Ekippe stinn e Mëttwoch och nach dräi UCI Pro Teams a sechs UCI Conti Ekippen um Depart vun der Course. Interessant aus Lëtzebuerger Siicht ass, dass och 2026 nees eng Nationalekipp um Depart ass.

Den Hollänner Mathieu van der Poel ass ouni Zweifel nees de grousse Star vun der Course. Den 31 Joer ale Coureur hat virun zwee Joer déi éischt Etapp um Fëschmaart gewonnen an d'Course iwwer déi fënnef Etappen animéiert.
An der Lëtzebuerger Nationalekipp fiert dëst Saison och nees de Mathieu Kockelmann. De Coureur aus de Ekipp Lotto Intermarché hat d'lescht Joer d'Etapp zu Mamer am Sprint gewonnen an dierft och dëst Joer nees déi eng oder aner Etapp am Viséier hunn.
Déi éischt Etapp geet traditionell vum Knuedler op de Fëschmaart. Iwwer Veianen, Buerschent an Eschduerf geet et nees Richtung Zentrum mam Stafelter als lescht Schwieregkeet virun der Arrivée um Fëschmaart.
Déi zweeten Etapp ass nei a féiert de Peloton aus dem Süde laanscht d'Musel bis op Iechternach, dat éier zu Jonglënster nach e Circuit ze fueren ass.
E Freideg steet am Norden tëscht Wolz an Dikrech d'Kinneksetapp um Programm. Hei kéint et gréisser Ecarten am Generalklassement ginn.
De véierten Dag gëtt et en Zäitfueren zu Ettelbréck, dat de Coureuren alles dierft ofverlaangen.
Déi lescht Etapp geet dann nees traditionell vu Miersch an d'Stad. Eng Etapp, déi wéi all Joer schwéier wäert ze kontrolléiere sinn.
D'Organisateure vum Škoda Tour de Luxembourg leeën och 2026 vill Wäert op d'Sécherheet vun der Course. Et probéiert een, fir sech Joer fir Joer an dësem Domaine weider ze verbesseren. Et ginn nees LED-Panneauen opgestallt, déi geféierlech Plaze beschtméiglech unzekënnegen. Beem, Pottoen, Gitter oder aner potenziell Gefore gi mat Protektiounsmaterial ofgeséchert an et wëll een iwwer d'Geolokalisatioun vun de Gefierer, déi vir respektiv hannert dem Peloton ënnerwee sinn, e geneeën Iwwerbléck iwwer de ganze Convoi hunn.
D'Course gëtt vum nächste Mëttwoch un all Dag live op RTL an am Stream iwwerdroen. Vun e Mëttwoch bis e Samschdeg kënnt de Journal du Tour um 19:15 Auer live vun der Plaz.
16/09 Etapp 1: Stad/Knuedler – Stad/Fëschmaart 157,5 km vu 16:30 bis 19:00 Auer, Journal du Tour mam Resumé a Reaktioune live um 19:15 Auer
17/09 Etapp 2: Déifferdeng/Nidderkuer – Jonglënster 166,8 km vu 16:30 bis 19:00 Auer, Journal du Tour live um 19:15 Auer
18/09 Etapp 3: Wolz – Dikrech 179,6 km vu 16:30 bis 19:00 Auer, Journal du Tour live um 19:15 Auer
19/09 Etapp 4: Ettelbréck – Ettelbréck, CLM 20,4 km vu 16:30 bis 19:00 Auer, Journal du Tour live um 19:15 Auer
20/09 Etapp 5: Miersch – Lëtzebierg/Lampertsbierg vu 14:30 bis 17:10 Auer, Journal du Tour am Sportjournal um 19:00 Auer
E Mëttwoch de 16. September fir déi 1. Etapp an e Sonndeg den 20. September fir déi 5. Etapp sinn eng ganz Rei Stroossen an der Stad gespaart. Donieft dierf déi Deeg a verschidde Stroossen net geparkt ginn an et ginn Ännerunge bei de Busser.