
Vum 20. bis de 27. September gëtt d'WM am Québec a Kanada gefuer. 270 km stinn hei fir d'Coureure bei den Hären Elite um Programm. Mat grousse Favoritte wéi Remco Evenepoel, Wout van Aert oder Mathieu Van der Poel, dee sech iwwert de Skoda Tour de Luxembourg virbereet. Net mat um Depart ass de Slowen Tadej Pogacar, deen no senger Chute bei de Vuelta nach net fit ass. Och bei den Damme wäerten nieft der Tour-de-France-Femmes-Gewënnerin Demi Vollering, d’Kasia Niewiadoma an d'Elisa Longo Borghini um Depart sinn.
Aus Lëtzebuerger siicht si bei der Elitt dräi Coureuren um Depart.
Am Zäitfuere wäert den Arthur Klucker untrieden. Dass de 26 Joer ale Coureur vun Tudor Pro Cycling géint d'Zäit richteg Staark ass, hat hie mat enger 10. Plaz beim Optaktzäitfuere vun der Vuelta gewisen. Bei der Stroossecourse wäert bei den Hären an Dammen den Arno Wallenborn an d'Nina Berton un den Depart goen.
"Den Arthur Kluckers huet an der Vuelta mat senger 10. Plaz am Prolog zu Monaco bewisen, datt hien zu deene beschte gehéiert. Lo muss ee kucke wéi dat iwwer méi enger laang Distanz aus der Affär zitt am Zäitfueren. No der Vuelta sinn elo nach e puer spezifesch Trainingen ze maachen an dann hoffe mer, datt hien den Dag X gutt Been huet. Beim Arno Wallenborn ass et natierlech schwiereg. Et ass och déi éischte Kéier, datt hien 270 Kilometer Course fiert. Mir hu lo de Weekend gesi wéi schwéier déi Course zu Montreal ass. Hien huet nach viru kuerzem am Sauerland eng Etapp gewonnen an ech denken, datt de Skoda Tour eng gutt Virbereedung op d'WM ass. Et gesäit een, datt de Van der Poel déi selwecht Virbereedung mécht. Beim Arno wësse mer, datt e mat vill Cours-Deeg ëmmer besser gëtt. Et ass och eng gutt Bün fir hien, fir sech ze weisen", esou d'Aschätzung vum Nationaltrainer Jempy Drucker am Interview.
Fir den Arno Wallenborn ass et den éischten Depart bei enger Weltmeeschterschaft bei der Elitt:
"Fir mech ass et eng éischt Weltmeeschterschaft bei der Elitt, et war net ganz erwaart, ech sinn awer frou, datt de Jempy Drucker mer dat Vertraue gëtt. Mir hunn elo nach net vill iwwer d'Taktik geschwat, mee et ass kloer, datt ech eleng net zu de Favoritte gehéieren. Fir mech geet et drëms, fir d'Course gutt ze geréieren. Ech wäert probéieren, schlau ze fueren a mech an de wichtege Momenter un déi grouss Natiounen drun ze hänken. Um Enn kënnt et awer souwisou op d'Form un. De Jempy Drucker hat virun e puer Woche schonn eemol ugedeit, datt ech eventuell meng Chance géif kréien. Ech sinn nach ni eng Course iwwer 270 Kilometer gefuer, och dat ass néi. Mee wann de Jempy déi Iddi huet, dann heescht dat, datt hien dru gleeft, an dat gëtt mir Confiance."
No hirer éischter Profi-Victoire, ufanks September bei der "Point du raz Ladies Classic" , geet d'Nina Berton bei den Damme mat vill Confiance an d'Course:
"Ech ginn oppen an dës Course, eng Weltmeeschterschaft ass ëmmer speziell. Du fiers net an denger gewinnter Ekipp, du fiers fir däi Land. Et ass och ouni Funk, doduerch ass d'Course méi chaotesch. Dacks ginn et grouss Iwwerraschungen, d'Course ass méi schwéier, ënner Kontroll ze halen. De Parcours léisst eng oppe Course zou an déi kleng Natioune kënne vun esou engem Verlaf profitéieren. Ech freeë mech besonnesch a Kanada dobäi ze sinn."
De Mil Morang an de Flavio Astolfi triede bei den Hären-Espoiren am Zäitfueren un. D'Liv Wenzel an d'Gwen Nothum sinn a béiden Disziplinne bei den Espoiren-Damme mat dobäi.
Bei de Junioren ass de Maximilien Outlet, souwuel am Zäitfuere wéi och bei der Stroossecourse am Asaz, den Dave Clichy dogéint nëmmen am Contre-la-montre. Komplettéiert gëtt déi Lëtzebuerger Delegatioun op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem vum Elena Lopes an dem June Nothum bei de Junior-Dammen.