Et gëtt eng provisoresch Bréck en place gesat op der Héicht vum Echangeur Léiweng. Fir dës Aarbechte kënnen ze realiséieren, ginn d'Accèsen an d'Sortië vum Echangeur a béid Richtungen, souwéi d'N31 op der Héicht vun der Bretelle fir op den Echangeur Léiweng respektiv tëscht der Rue Joseph Lentz an der Rue de Turi komplett fir den Trafic gespaart. Dëst gëllt vun e Freideg den Owend 20 Auer u bis e Méindeg de Moie fréi 4 Auer.

Fir vun der A3 a Richtung Stad ze kommen, gëtt ee bei de Rond-point Gluck deviéiert a vun do aus op déi jeeweileg Destinatiounen entweder iwwer d'Kockelscheier oder Beetebuerg weidergeleet.