Dat haitegt Däitschland am 17. Joerhonnert: Fir esou kënnen ze liewen, wéi si et wëll, gëtt d'Rose, gespillt vum Sandra Hüller, sech als Mann aus. An engem klenge protestanteschen Duerf taucht si op eemol mat Pabeieren op, déi si als Iewe vun engem Bauerenhaff ausweisen. D'Bewunner bemierken d'Täuschung net an huele si als Mann an hir kleng Communautéit op. Komplizéiert gëtt d'Situatioun awer, wéi si sech mat enger jonker Fra soll bestueden.
An enger Successioun vu präzis inzenéierten Tableaue versetzt Rose vum Markus Schleinzer een zeréck an eng düster Zäit vu reliéiser Oppressioun an extremem sozialen Drock. Baséierend op engem reelle Phänomen, op deen deemools d'Doudesstrof stoung, maachen der Protagonistin hir riskant Situatioun, dem Sandra Hüller seng staark Interpretatioun an déi interessant parallellen zur Géigewaart Rose zum engem spannenden a wichtege Film, deen een op kee Fall sollt verpassen.