Zesumme mam Fred Chichin, hirem Liewens- a Bühnenpartner, hat si an den 1980er Joren d'Rita Mitsouko gegrënnt. Den Duo gouf mat Lidder wéi "Marcia Baïla", "Andy", "C'est comme ça" an "Les histoires d'amour finissent mal" bekannt. De Fred Chichin war 2007 am Alter vun 53 Joer u Kriibs gestuerwen.
No sengem Doud war d'Catherine Ringer weider op der Bün aktiv an hat och eng Solokarriär gestart. Si huet sech nieft der Musek och der Poesie gewidmet a sech géint déi rietsextrem Politik engagéiert.
D'Ringer, déi 1957 bei Paräis gebuer gouf, hat eng onkonventionell Karriär. Si huet d'Musekszeen mat hirer markanter Stëmm, hirer Fräiheet an hirer eegener Aart iwwer Generatiounen ewech gepräägt.