Lukrativ ReformatiounOasis geet och 2027 op Tour – véier Concerten zu Knebworth

RTL mat AFP
No hirer erfollegräicher Reunion-Tour 2025 hunn d'Gallagher-Bridder eng nei Oasis-Tour fir 2027 ugekënnegt.

D'Reunion-Tour 2025 hat Oasis 16 Joer no hirer Trennung zesummebruecht.
© HENRY NICHOLLS/AFP

D'Tour mat Optrëtter a Groussbritannien, Irland, Europa an den USA fänkt den 21. Mee zu Glasgow un a féiert ënner anerem op München, Barcelona, Amsterdam, Paräis, Roum a Boston.

Den Héichpunkt si véier Concerten zu Knebworth am September. Domat kënnt Oasis 30 Joer no de legendären Optrëtter vun 1996 op déi historesch Plaz zeréck. Deemools hat d'Band viru ronn 250.000 Fans gespillt.

D'Reunion-Tour 2025 hat Oasis 16 Joer no hirer Trennung zesummebruecht. Fir d'Concerten 2027 kaschten d'Tickete a Groussbritannien tëscht 71,50 an 266,60 Pond, ëmgerechent 84 an 311 Euro.

D'Fans musse sech fir de Virverkaf bis de 17. September registréieren.

Back to Top
CIM LOGO