Um Houwald gepëtztAlkoholiséierte Chauffer flücht mat geklautem Auto virun der Police

Samantha Weber
E Méindeg de Moie wollt d'Police en Automobilist kontrolléieren, deem säi rietse viischte Pneu beschiedegt war. De Chauffer huet sech allerdéngs duerch d'Bascht gemaach.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

Wéi d'Police mellt, war e Méindeg de Moien enger Patrull um Boulevard de Kyiv zu Bouneweg en Auto mat beschiedegtem Pneu opgefall. Wéi de Chauffer kontrolléiert sollt ginn, ass dësen awer geflücht. No enger Course-poursuite konnten d'Beamten den Auto um Boulevard des Scillas um Houwald stoppen. Well de Chauffer sichtlech ze vill gedronk hat, gouf en Alkoholtest gemaach, deen deementspriechend positiv war.

Am Laf vun der Ermëttlungen huet sech dunn erausgestallt, datt den Auto bei engem Abroch an der Rue des Acacias zu Zolwer geklaut gi war. Éischten Erkenntnisser no gouf dobäi eng Fënster vum Haus ageschloen an d'Gebai duerchsicht. Am Auto selwer goufen och geklaute Géigestänn fonnt, déi zesumme mam Gefier saiséiert goufen. D'Police huet Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO